:: wikimiki.org ::
| Henri Grethen |
Henri Grethen
Den Henri Grethen ( - 16. Juli 1950 zu Esch-Uelzecht) ass e Lëtzebuerger Politiker.
No der Primärschoul zu Esch an dem Lycée zu Iechternach studéiert den Henri Grethen um Cours Universitaire an dono, vun 1971 bis 1975, zu Léck.
1976 gëtt hie Wirtschaftsberoder, 1978 Generalsekretär vun der Fédérartion des commerçants. 1979 gëtt den Henri Grethen Member vum Europäesche Wirtschafts- a Sozialcomité, an 1980 Generalsekretär vun der Confédération du Commerce luxembourgeoise. Zanter 1989 ass hien onofhängege Wirschafts-Consultant.
Seng politesch Carrière fänkt den Henri Grethen 1980 als Generalskretär vun der DP un, dat hie bis 1989, an dann erëm vun 1994 un ass.
1984 gëtt den Henri Grethen fir d'éischt an d'Chamber gewielt, an duer 1989, 1994, 1999 an 2004 erëmgewilet. Als Deputéierten ass hien och President vun der DP-Chambrsfractioun a vun 1998 un Vizepresident vun der DP. 1999 verzicht en op säi Chambersmandat a gëtt Wirtschafts- an Transportminister an der CSV-DP-Coalitioun ënnert dem Jean-Claude Juncker. Zanter 2004 ass hien nees Deputéierten.
Den Henri Grethen ass bestuet mam Blanche Moutrier.
Grethen, Henri
1950
19. Joerhonnert |
20. Joerhonnert |
21. Joerhonnert
1945 | 1946 | 1947 | 1948 | 1949 | 1950 | 1951 | 1952 | 1953 | 1954 | 1955
----
Dës Säit befaasst sech mam Joer 1950
Evenementer
Europa
- 9. Mee: De franséischen Ausseminister Robert Schuman hält eng Ried, an deer en dozou oprifft, dass déi europäesch Länner hir Kuelen- a Stolproduktioun zesummeleeë sollen, fir esou zukünfteg Kricher onméigleg ze maachen. Domatter hat heen de Grondsteen vun der CECA, an der spéiderer EU, geluecht.
Afrika
Amerika
USA
- 9. Februar: Den US-amerikaneschen Senator Joseph McCarthy fänkt mat senger "Kommunistejuegd" un.
Südamerika
Asien
- 25. Juni: Déi nordkoreanesch Arméi iwwerfällt Südkorea. Dat ass den Ufank vum Koreakrich
Ozeanien & Pazifik
Arabesch Welt
Konscht & Kultur
Molerei
Literatur
Musik
Wëssenschaft & Technik
Gebuer
- 22. Januar: Marie-Josée Jacobs, Lëtzebuerger Politikerin.
- 24. Januar: Daniel Auteuil, franséische Schauspiller.
- 29. Abrëll: Jeannot Krecké, Lëtzebuerger Politiker.
- 19. Mee: Anne Brasseur, Lëtzebuerger Politikerin.
- 31. Mee: Tom Berenger, amerikanesche Schauspiller.
- 6. Juni: Chantal Akerman, belsch Regisseurin.
- 16. Juli: Henri Grethen, Lëtzebuerger Politiker.
- 18. Juli: Christiane Schlechter-Wirtz, Lëtzebuerger Kabarettisitin.
- 24. Oktober: Bert Pronk, hollännesche Vëlosportler.
- 17. November: Marco Lorenzini, Lëtzebuerger Schauspiller.
- 18. Dezember: Gillian Armstrong, Filmregisseur.
- Mady Delvaux-Stehres, Lëtzebuerger Politikerin.
- François Dupeyron, franséische Filmregisseur.
- Péter Esterházy, ungaresche Schrëftsteller.
Gestuerwen
- 1. Februar: Pierre Prüm, Lëtzebuerger Politiker.
- 6. Mäerz: Albert Lebrun, President vun der franséischer Republik.
- 30. Mäerz: Léon Blum, franséische Politiker.
- 4. Abrëll: Gustave Jacquemart, Lëtzebuerger Sportspionnéier a Politiker.
Category:Joer (20. Jh.)
ko:1950년
ja:1950年
Esch-Uelzecht
Esch-Uelzecht ass mat iwwer 28.000 Awunner déi zweetgréisst Stad vu Lëtzebuerg.
Laang en einfacht Bauerendierfchen, um Floss Uelzecht geleeën, huet Esch mat der Entdeckung vun der Minette (ëm 1870), an der domatt verbonnener Entwécklung vun de Minièren, der Eisen- a Stolindustrie, bannent e puer Joerzéngte seng Populatioun verzéngfacht. D'Strukturkris an deem Sekteur, déi Mëtt der 1970er Joeren ausgebrach ass, huet et mat sech bruecht, datt no a no all Minièren an e groussen Deel vun de Schmelzen zougemaach hunn.
Déi doduerch entstaanen Industriebroochen (oder -frichen) sinn am Gaang, nei bebaut ze ginn. Nei administrativ, kulturell (Concerts-Hal, Kinoen) an edukativ (Lycéeën, Universitéit) Gebaier, mee och Wunnéngen, sinn do am Gaang z'entstoen.
D'Geschicht vun Esch-Uelzecht
Den 12. Abrëll 1128 ass Esch fir d'éischte Kéier, ënnert dem Numm "Asch", an enger Bulle vum Poopst Honorius II. ernimmt ginn. De Jang de Blannen huet hir de 16. Mee 1328 den Titel "Fräi Stad" iwwerdroen.
Am Laf vun de Joerhonnerte gouf Esch ëmmer nees vu friemen Truppen iwwerfall, an dacks staark zerstéiert. 1677, op Uerder vum Louis XIV., hunn d'Stadmauere misse geschlaff ginn. Am Juli 1830 huet Esch dann och nach säin Titel Stad verluer. Mee net laang duerno, den 12. Oktober 1841, gouf se duerch e groussherzoglecht Decret zum Chef-lieu vum Kanton Esch ernannt.
An der zweeter Halschecht vum 19. Joerhonnert ass et mat der industrieller Entwécklung ëmmer méi schëtzeg virugaang. Fir d'éischt am Tagebau, dono och a Galeriën, gouf d'Minette ofgebaut, an an de Schmelzen, déi wéi Champignonën aus dem Buedem geschoss koumen, verschafft. Mat den esou geschafenen neien Aarbechtsplazen ass och d'Populatioun vun Esch rasant an d'Luucht gaang. D'Aarbechter koumen am Ufank aus anere Géigende vum Land, virun allem dem Éislek, mee scho fréi hu missen Aarbechtskräfte vu soss hier erbäigeruff ginn, aus de Nopeschlänner, mee och aus Polen an Italien. Esch huet sech dann och iwwer säin historesche Stadkär (den heidege Quartier Al Esch) eraus ausgebreet: Ronderëm d'Schmelzen (Metze Schmelz, Brasseur Schmelz) sinn nei Stroossen a Wunnéngen entstanen (Quartierë Grenz an Neiduerf 1872, Hiel 1894-1904).
Al Esch
20. Joerhonnert
Den 29. Mee 1906, huet de Grand-Duc Guillaume fir d'zweete Kéier Esch-Uelzecht zur Stad ernannt (Gesetz vum 6. Juni 1906). Esch hat do 13.000 Awunner.
Eng nei Schmelz gëtt am Nord-Westen opgeriicht: d'Adolf-Emil-Schmelz op Belval. Dofir hu missen 91 Hektar Bësch (Clair-Chêne) ëmgehae ginn. Nei Aarbechterwunninge gi ronderëm gebaut: am Quartier Uecht an d'Cité Welter.
Vun 1910 u gouf de Quartier Brill urbaniséiert. Vill Immigranten aus Italien hunn do hiert Doheem fonnt. D'Uelzecht gouf iwwerdeckelt, an d'Uelzechtstrooss mat hiren Niewestroosse gouf zum neie Mëttelpunkt vun der Stad.
Am Éischte Weltkrich war zu Esch d'Generalquartéier vum däitschen Ierfprënz Wilhelm vun Hohenzollern, a gouf souzesoen an e Krichslazarett transforméiert. D'Schmelzen hunn déi Zäit net oder net vill produzéiert. Vill auslännesch Aarbechter sinn nees hannescht geplënnert, vu wou se hier koumen.
Tëschekrichszäit
1920 koum duerch dat nei agefouert allgemengt Walrecht fir d'éischt eng sozialistesch Majoritéit an d'Gemeng, mam Victor Wilhelm als Buergermeeschter. Weidere Wunnraum gëtt geschafen duerch d'Gemeng, mee och d'ARBED an d'Société Métallurgique des Terres Rouges, deenen d'Schmelze gehéieren: laanscht d'Éilerenger Strooss, am Quartier Uecht an am Quartier Brouch. Tëschent 1926, dem Enn vun der däitscher Wirtschaftskris, an 1929, der Weltwirtschaftskris, erlieft Esch nach eng Kéier ee Bau-boom: am Quartier Dellhéicht gëtt e Spidol gebaut, d'Spidol- an d'Emil-Mayrisch-Strooss entstinn. 1930 zielt Esch 29.745 Awunner.
Däitsch Okkupatioun 1940-1944
Wéi iwwerall zu Lëtzebuerg goufen och zu Esch d'Verwaltungsstrukture vum Nazi-Okkupant agefouert. D'Escher Synagog, wéi och déi an der Stad Lëtzebuerg, gouf zerstéiert. Zwangsaarbechter, déi virun allem aus Russland koumen, hu missen an de Galerië schaffen. Esch gouf den 10. September 1944 vun den Amerikaneschen Truppe befreit.
Nokrichszäit 1945-1975
Nom Krich breet Esch sech weider aus, an de 50er Joeren entsti besonnesch zu Lalleng, am Brouch an zu Raemerech nei Quartieren. An de 60er/70er Joere war et besonnesch Wobrécken, dat bebaut gouf.
60er
Stolkriis 1975-1985
Esch gouf, wéi aner Stied am Minett och, besonnesch haart vun der Stolkris getraff, notamment sinn d'Recetten däitlech zeréckgaangen. Doduerch konnt d'Renovéirung vum ale Stadkär, deen zimlech delabréiert war, eréischt an der Mëtt vun den 80er Joeren an Ugrëff geholl ginn.
Vun de 1960er Joeren un ass d'Populatioun vun Esch no an no zeréckgaang: Vu bal 30.000 am Joer 1960 op 25.000 am Joer 1985. Vill jonk Stéit sinn an d'Schlofstied ronderëm d'Stad geplënnert. Eréischt vun den 90er Joeren un ass dësen Trend gestoppt an esouguer ëmgekéiert ginn; hautesdaags huet Esch erëm bal 30.000 Awunner.
D'Buergemeeschtere vun Esch-Uelzecht
- 1879 - 1906: Dominique Joseph Hoferlin
- 1906 - 1909: Léon Metz
- 1910 - 1911: Armand Spoo
- 1912 - 1917: Jean-Pierre Michels
- 1917 - 1919: Nicolas Biwer
- 1919 - 1920: Pierre Pierrard
- 1921 - 1934: Victor Wilhelm
- 1935 - 1940: 1944-1945: Hubert Clement
- 1946 - 1949: Arthur Useldinger
- 1949 - 1951: Michel Rasquin
- 1951 - 1965: Antoine Krier
- 1965 - 1969: Jules Schreiner
- 1970 - 1978: Arthur Useldinger
- 1978 - 1990: Joseph Brebsom
- 1990 - 2000: François Schaack
- zënter 2000: Lydia Mutsch
D'Quartierë vun Esch-Uelzecht
Lydia Mutsch
- Al Esch
- Belval
- Brill
- Bruch
- Dellhéicht
- Fettmeth
- Grenz
- Hiel
- Lankhelz
- Lalleng
- Neiduerf (Neidierfchen)
- Park
- Raemerech
- Sommet
- Uecht
- Wobrécken
- Zaepert
Partnerschafte mat auslännesche Stied
Lydia Mutsch
- Léck - Belsch
- Lille - Frankräich
- Köln - Däitschland
- Torino - Italien
- Rotterdam - Holland
- Puteaux - Frankräich
- Saint-Gilles (Bréissel) - Belsch
- Offenbach-am-Main - Däitschland
- Bethnal Green (London) - England
- Mödling (Wien) - Éisträich
- Zemun (Belgrad) - Serbien a Montenegro
- Velletri (Roum) - Italien
- Coimbra - Portugal
Literatur
- Ville d'Esch-sur-Alzette (éd.): Esch-sur-Alzette, du village à la ville industrielle. Art et révolution industrielle au pays de la Terre Rouge. 13 octobre - 5 novembre 1989, Hôtel de Ville d'Esch-sur-Alzette. Catalogue de l'exposition organisée par la Ville d'Esch-sur-Alzette à l'occasion du 150e anniversaire de l'Indépendance du Grand-Duché de Luxembourg.
- FLIES, Joseph: Das Andere Esch - An der Alzette - Ein Gang durch seine Geschichte. Luxembourg 1979.
Linken
Kuckt och
- Lycée de Garçons Esch-sur-Alzette
- Jousefskierch Esch-Uelzecht
- Henri Rabinger
- Siderurgie zu Lëtzebuerg
Um Spaweck
- [http://www.esch.lu Offiziell Säit vun der Escher Gemeng]
- [http://www.eschalzette.com Räichhalteg Privatsammlung vun Archivbiller an aktuelle Fotoen]
- [http://tice.lu/ TICE]
- [http://www.syvicol.lu/annuaire/detail_commune.php?commune=36 Syvicol]
Category:Lëtzebuerger Stied
Category:Lëtzebuerger Gemengen
Category:Lëtzebuerger Uertschaften
Lëtzebuerg (Land)Dës Säit ass iwwer de Grand-Duché - d'Lëtzebuerger Land. Kuckt och: Lëtzebuerg (Stad) - Lëtzebuerg (Provënz)
----
Lëtzebuerg (Provënz)
D'Groussherzogtum Lëtzebuerg ass e Land an Europa, dat tëschent Däitschland, der Belsch a Frankräich läit. Et huet ronn 450.000 Awunner. Lëtzebuerg ass Member vum Benelux, der Europäescher Unioun, der OECD an der NATO.
Geschicht
Am Joer 963 huet den Ardennergrof Siegfried um Bock seng Buerg Lucilinburhuc erriicht an domadder de Grondstee fir Lëtzebuerg geluecht. Ronn 500 Joer laang war Lëtzebuerg dunn eng onofhängeg Grofschaft (vun 1354 un: Herzogtum), bis datt 1437 d'Haus Lëtzebuerg ausstierft an d'Land en Deel vun der Bourgogne gëtt, a kuerz dono vun de südlechen Néierlanden, deenen hir Hären a Meeschtern et och deelt (dorënner Frankräich, Spuenien an Éisträich). Während deene ronn 400 Joer Friemherrschaft gouf Lëtzebuerg och eng éischte Kéier gedeelt, an zwar 1659 duerch den Traité vun de Pyrenäen. Um Wiener Kongress 1815 gouf Lëtzebuerg vun den europäesche Groussmächt zum "onofhängege" Groussherzogtum ernannt, mee et huet Gebidder u Preisen missen oftrieden. Den hollännesche Kinnek Wëllem I. gëtt och Groussherzog vu Lëtzebuerg. 1839, néng Joer no der Grënnung vun der Belsch, gëtt déi heiteg Provënz Lëtzebuerg der Belsch zougedeelt. 1848 kritt Lëtzebuerg seng éischt eege Constitutioun, déi eng vun deen deemols liberalste war, mee dem Vollek dofir awer och net laang gegonnt war. 1867, fir e Krich tëschent Preisen a Frankräich ze verhënneren, gëtt zu London Lëtzebuerg als fir ëmmer neutral an onofhängeg erkläert. 1890 huet dat hollänescht Herrscherhaus vun Oranien-Nassau kee männlechen Nokomme fir op de lëtzebuergeschen Troun, an esou kritt d'Land säin "eegent" Herrscherhaus (dat vun Nassau-Weilburg). D'éiweg Neutralitéit hënnert 1914-1918 a 1940-1944/45 d'Däitscht Räich net dorunner, Lëtzebuerg am Éischten an am Zweete Weltkrich ze besetzen. Am Zweete Weltkrich gëtt Lëtzebuerg de facto wéi e Reichsgebiet behandelt. Am Ufank mat schéi Schwätzen, dono mat Terror, probéieren d'Besatzer, d'Lëtzebuerger dovunner z'iwwerzeegen, datt si Heim ins Reich gehéieren. Vun 1942 u mussen d'Lëtzebuerger an d'Wehrmacht. 1944/45 gëtt den Norde vum Land wärend der Ardennenoffensiv uerg zerstéiert. Nom Krich gëtt Lëtzebuerg seng Neutalitéit op a gëtt Member vun enger Rëtsch supranationalen Organisatiounen.
Kuckt och den Artikel: Geschicht vu Lëtzebuerg
Politik
Lëtzebuerg ass eng repräsentativ Demokratie, a Form vun enger konstitutionneller Monarchie mat engem Groussherzog als Chef vum Land.
Kuckt och den Artikel: Politesche System vu Lëtzebuerg
D'Sprooch
Déi offiziell Sproochen zu Lëtzebuerg si: Lëtzebuergesch, Franséisch an Däitsch. Ausserdeem gëtt nach Englesch, Portugisesch an Italienesch vu ville Leit geschwat.
- Kuckt och d'Artikeln: Méisproochegkeet zu Lëtzebuerg, Dialektologie, Lëtzebuergesch
- [http://www.eu2005.lu/fr/savoir_lux/societe_tradition/luxembourgeois/index.php L'emploi des langues au Luxembourg]
- [http://www.uoc.es/euromosaic/web/document/luxemburgues/fr/i1/i1.html Euromosaic: Le luxembourgeois au Luxembourg]
- [http://www.cpll.lu/ Conseil permanent de la langue luxembourg]
- [http://www.crpgl.lu/cortina/Demonstrateurs/TextSpellHTMLERt/SpellCheckerFormHTMLLU.html Online Spellchecker fir d´Lëtzebuergescht]
- [http://web6.midworld.luxadmin.org/dict.html LuxDico: Lëtzebuergescht Wierderbuch]
- [http://webplaza.pt.lu/jlulling/schanen/schanenvoix.htm Zoustand vun der aktueller d'Sprooch-Fuerschung]
Lëtzebuergesch d'Sproochfuerscher
- Robert Bruch
- Henri Rinnen
- François Schanen
Literatur
- [http://webplaza.pt.lu/jlulling/billerlj/luxdicoinfopage.htm Literaturlëscht]
- [http://www.cpll.lu/cpll/schanen_lulling_letz.pdf PDF: Aféierung a lëtzebuergesch Schreifweis]
Distrikter a Kantoner
Lëtzebuerg ass an dräi Verwaltungsdistrikter agedeelt:
- Dikrech
- Gréiwemaacher
- Lëtzebuerg
Lëtzebuerg ass an zwielef Kantonen agedeelt:
- Dikrech
- Esch-Uelzecht
- Gréiwemaacher
- Iechternach
- Kapellen
- Klierf
- Lëtzebuerg
- Miersch
- Réiden
- Réimech
- Veianen
- Wolz
Kuckt och d'Lëscht vun den Distrikter a Kantonen
Geographie
Kuckt den Artikel: Geographie vu Lëtzebuerg
Geologie
- Geologue: [http://www.restena.lu/ltml/PERS.htm Michel Lucius]
- [http://www.up.univ-mrs.fr/mines/Geographie/geo_luxembourg/geo_notice_lux.htm Le Bassin minier du Grand-Duché de Luxembourg]
Economie
- Kuckt den Artikel: Lëtzebuerger Wirtschaftsstruktur
- Kuckt den Artikel: Economie vu Lëtzebuerg
- Lëscht vu lëtzebuergeschen Entreprisen
: Lëscht vun e puer lëtzebuergeschen Entreprisen (den Effektiven no klasséiert):
: Etat (Administration), Groupe Arcelor (Sidérugie), Goodyear, Groupe Cactus, CFL, Ville de Luxembourg (Aministration), Entreprise des P&T (Administration), Fortis-BGL, DEXIA, Groupe LUXAIR, Pedus Service (Botzfirma), BCEE, Groupe Guardian, Du Pont de Nemours, Kredietbank, Groupe Courthéoux-Match, Cargolux, Groupe Saint-Paul (Dréckerei), TDK Recording Media Europe, BRINK'S Security Luxembourg, ING, Groupe Céramétal, Villeroy & Boch, BNP Paribas Luxembourg, Auchan Luxembourg.
Demographie
Kuckt den Artikel: Demographie vu Lëtzebuerg
Kultur
2007 ass Lëtzebuerg erëm Kulturhaaptstad vun Europa.
- [http://europa.eu.int/comm/culture/portal/sites/members/luxembourg_fr.htm Portail Européen de la Culture]
- [http://www.culture2007.org/ Luxembourg: capitale européenne de la Culture en 2007]
Kuckt den Artikel: Kultur zu Lëtzebuerg
Audiovisuel
Lëtzebuerg huet an deene leschte Joerzéngte seng Plaz am Audiovisuelle fonnt . Et bestinn ongeféier 40 [http://www.cna.public.lu/1 Produktiounsfirmen] am Land.
Den Numm "Lëtzebuerg" an anere Sproochen
- Baskesch: Luxenburgo
- Bulgaresch a Russesch: Люксембург (Ljuksemburg)
- Däitsch, Finnesch, Hollännesch, Ungaresch, Räto-Romanesch, Rumänesch, Schwedesch: Luxemburg
- Dänesch: Luxemburg, Luxembourg oder Luxemborg
- Englesch, Franséisch an Afrikaans: Luxembourg
- Frisesch: Luksemboarch
- Griichesch: Λουξεμβούργο (Luxemvúrgho)
- Iresch: Lucsamburg
- Islännesch: Lúxemborg
- Italienesch: Lussemburgo
- Kroatesch, Estlännesch a Polnesch: Luksemburg
- Latäin: Luxemburgum
- Letlännnesch: Luksemburga
- Litauesch: Liuksemburgas
- Mazedonesch a Serbesch: Луксембург (Luksemburg)
- Portugisesch a Spuenesch: Luxemburgo
- Slowakesch: Luxembursko
- Tschechesch: Lucemburk
- Tierkesch: Lüksemburg
- Ukrainesch: Люксембург (Ljuksemburh)
- Walisesch: Lwcsembwrg
- Walounesch: Lussimbork
Linken
Kuckt och
- Lëscht vun den lëtzebuergeschen Herrscher
- Lëscht vun de lëtzebuergesche Premierministeren
Um Spaweck
- [http://www.gouvernement.lu Haaptsäit vun der Lëtzebuerger Regierung]
- [http://www.etat.lu/ Haaptsäit vun der Lëtzebuerger Administratioun]
----
Category:Lëtzebuerg
ja:ルクセンブルク
ko:룩셈부르크
ms:Luxembourg
simple:Luxembourg
Politik
Politik kënnt vum griichesche polis, d'Stad. Allgemeng mengt ee mat Politik d'Organisatioun an d'Verdeelung vun der Muecht an engem Staat. Donieft bestëmmt d'Politik awer och d'Bezéiunge vu gesellschaftleche Gruppen, Entreprisen an aneren Organisatiounen.
Iddien a Mouvementer
- Politesch Iddien
- Politesch Mouvementer
- Politesch Parteien
- Politesch Philosophie
- Politesch Soziologie
- Staat
- Geschicht vun der Politik zu Lëtzebuerg
Um Spaweck
- [http://www.gouvernement.lu/gouvernement/membres/index.html Eis Nei Regierung]
Category:Politik
ja:政治
simple:Politics
1975
19. Joerhonnert | 20. Joerhonnert | 21. Joerhonnert
1970 | 1971 | 1972 | 1973 | 1974 | 1975 | 1976 | 1977 | 1978 | 1979 | 1980
----
Dës Säit befaasst sech mam Joer 1975.
Evenementer
Europa
- 22. November: Nom Doud vum Generol Franco gëtt de Juan Carlos I. zum Kinnek vu Spuenie proklaméiert.
- Zu Wien gëtt d'OPEC-Konferenz vun Terroristen iwwerfall. D'Geiselnahm vun 11 Ministeren hannerléisst 3 Doudeger.
Afrika
- 6. November: Ongeféier 350.000 Marokkaner besetzen déi spuenesch Kolonie West-Sahara fir de marokkaneschen Usproch op d'Regioun ze manifestéieren.
- Biergerkrich an Äthiopien.
Amerika
USA
Südamerika
Asien
- 17. Abrëll: Phnom Penh, d'Haaptstad vu Kambodscha gëtt vun de Roude Khmer ënnert dem Pol Pot ageholl.
- 30. Abrëll: De Vietnamkrich geet mat der Eruewerung vu Saigon duerch déi kommunistesch Forcen op en Enn. D'Regierung vu Südvietnam kapituléiert komplett an déi lescht Amerikaner verloosse gaangs d'Land.
Ozeanien & Pazifik
Arabesch Welt
Konscht & Kultur
Molerei
Literatur
Musek
Wëssenschaft & Technik
- Den Amerikaner Bill Gates grënnt zesumme mam Paul Allen d'Firma Microsoft.
Gebuer
- 4. Februar: Natalie Imbruglia, australesch Sängerin a Schauspillerin
- 22. Februar: Drew Barrymore, US-amerikanesch Schauspillerin
- 2. Mee: David Beckham, englesche Fussballspiller
- 25. Juni: Wladimir Kramnik, russesche Schachmeeschter
- 27. Juni: Tobey Maguire, US-amerikanesche Schauspiller
- 30. Juni: Ralf Schumacher, däitsche Formel 1 Pilot
- 20. September: Juan Pablo Montoya, kolumbianesche Formel 1 Pilot
- 5. Oktober: Kate Winslet, britesch Schauspillerin
- 19. Dezember: Milla Jovovich, russesch Schauspillerin a Fotomodel
- 30. Dezember: Tiger Woods, bekannten US-amerikanesche Golf-Spiller
Gestuerwen
- 5. Februar: Foni Tissen, Lëtzebuerger Konschterzéier a Moler.
- 5. Abrëll: Chiang Kai-shek, chinesesche Politiker ( - 1887)
- 18. Mee: Leroy Anderson, US-amerikanesche Komponist.
- 30. Mee: Michel Simon, franséische Schauspiller ( - 1895)
- 10. Juli: Achille Van Acker, belsche Politiker.
- 9. August: Dmitri Schostakowitsch, sowjetrussesche Komponist.
- 27. Oktober: Rex Stout, US-amerikanesche Schrëftsteller ( - 1886)
- 23. November: Ernest Ludovicy, Lëtzebuerger Pädagog a Schrëftsteller.
- 4. Dezember: Hannah Arendt, däitsch Philosophin ( - 1906)
Category:Joer (20. Jh.)
ko:1975년
ja:1975年
1978
19. Joerhonnert |
20. Joerhonnert |
21. Joerhonnert
1973 | 1974 | 1975 | 1976 | 1977 | 1978 | 1979 | 1980 | 1981 | 1982 | 1983
----
Dës Säit befaasst sech mam Joer 1978.
Evenementer
Europa
Afrika
- Biergerkrich an Nicaragua géint de Régime Somoza.
Amerika
USA
Südamerika
Asien
Ozeanien & Pazifik
Arabesch Welt
Konscht & Kultur
Molerei
Literatur
Musek
Wëssenschaft & Technik
Gebuer
- 3. Juli: Kim Kirchen, lëtzebuergesche Velosportler.
Gestuerwen
- 9. Februar: Max Goergen, Lëtzebuerger Theaterauteur.
- 12. Mäerz: Léon Lommel, Lëtzebuerger Geeschtlechen a Bëschof.
- 17. Mäerz: Malvina Reynolds, US-amerikanesch Folksängerin a -komponistin.
- 9. Abrëll: René Carol, däitsche Schlagersänger.
- 14. Mee: Alexander Kipnis, ukrainesch-US-amerikanesche Basssänger.
- 30. Juli: Umberto Nobile, italienesche Loftschëffpionéier.
- 28. September: Poopst Johannes Paul I. no nëmmen 33 Deeg Pontifikat.
- 9. Oktober: Jacques Brel, belsche Chansonnier a Schauspiller.
- Jacques Rueff, franséische Jurist an Economist.
Category:Joer (20. Jh.)
ja:1978年
simple:1978
1979
19. Joerhonnert | 20. Joerhonnert | 21. Joerhonnert
1974 | 1975 | 1976 | 1977 | 1978 | 1979 | 1980 | 1981 | 1982 | 1983 | 1984
----
Dës Säit befaasst sech mam Joer 1979.
Evenementer
Europa
- 12. September: D'NATO beschléisst d'Stationéirung vun 108 atomare Mëttelstreckerakéite Pershing 2 a 464 Cruise Missiles an Europa.
Afrika
Amerika
USA
Südamerika
Asien
Ozeanien & Pazifik
Arabesch Welt
- 6. November: Den iranesche Premier Mehdi Basargan gëtt op, genausou wi all seng Ministeren, an dat fir dem Revolutiounsrot Plaz ze maachen.
Konscht & Kultur
Molerei
Literatur
Musek
Katastrophen
- 24. August: De Vulkan Vesuv an Italien ass ausgebrach, Pompeji an Herculaneum goufen zerstéiert.
Wëssenschaft & Technik
Gebuer
- 2. Juli: Claudine Muno, Lëtzebuerger Schrëftstellerin, Musekerin a Journalistin.
- 27. September: Jérôme Jaminet, Lëtzebuerger Schrëftsteller a Publizist.
Gestuerwen
- 29. Januar: René Deltgen, Lëtzebuerger Schauspiller.
- 16. Mäerz: Jean Monnet, franséische Politiker.
- 3. Juni: Arno Schmidt, däitsche Schrëftsteller.
- 21. August: Frantz Kinnen, Lëtzebuerger Moler a Sculpteur.
Category:Joer (20. Jh.)
ja:1979年
1980
19. Joerhonnert |
20. Joerhonnert |
21. Joerhonnert
1975 | 1976 | 1977 | 1978 | 1979 | 1980 | 1981 | 1982 | 1983 | 1984 | 1985
----
Dës Säit befaasst sech mam Joer 1980.
Evenementer
Europa
Afrika
Amerika
USA
Südamerika
Asien
Ozeanien & Pazifik
Arabesch Welt
Konscht & Kultur
Molerei
Literatur
Musek
Wëssenschaft & Technik
Den amerikaneschen Fuerscher Alan Guth stellt d´Inflatiounstheorie vir.
Katastrophen
- 18. Mee: De Mount St. Helens an den USA ass explodéiert an en 700 m déiwe Krater ass entstanen, 62 Doudeger.
Gebuer
Gestuerwen
- 31. Mäerz: Jesse Owens, US-amerikaneschen Liichtathlet.
- 29. Abrëll: Alfred Hitchcock, britesche Regisseur.
Category:Joer (20. Jh.)
ko:1980년
ja:1980年
1989
19. Joerhonnert |
20. Joerhonnert |
21. Joerhonnert
1984 | 1985 | 1986 | 1987 | 1988 | 1989 | 1990 | 1991 | 1992 | 1993 | 1994
----
Dës Säit befaasst sech mam Joer 1989
Evenementer
Europa
- 2. Mee: Ungarn fänkt domatt un, d'Grenzsperren no Éisträich ofzebauen.
- 9. Mee: De Slobodan Milošević gëtt Staatspresident vu Serbien.
- 4. Juni: Demokratesch Parlamentswahlen a Polen: Den Tadeusz Mazowiecki (Solidarnosc) gëtt éischten net-kommunistische Ministerpresident.
- 18. Oktober: Den Erich Honecker trëtt als President vum Staatsrot vun der DDR zeréck, den Egon Krenz gëtt säi Nofolger.
- 23. Oktober: An Ungarn trëtt déi nei Verfaassung a Kraaft.
- 4. November: Eng hallef Millioun Leit manifestéieren zu Ost-Berlin fir Reformen, Demokratie a Fräiheet.
- 9. November: D'DDR mécht d'Grenzen zu Westdäitschland op. Honnerdausende vu Leit kënne fier d'éischte Kéier no 28 Joer an de Westen.
- 10. November: De bulgaresche Staats- a Parteichef Todor Schivkov gëtt gestierzt.
- 18. November: Den Hans Modrow gëtt neie Ministerpresident vun der DDR.
- 25. Dezember: De gestierzten rumäneschen Diktator Nicolae Ceauşescu a seng Fra Elena ginn higeriicht.
- 29. Dezember: A Polen gëtt d'Verfaassung geännert.
- 29. Dezember: De Václav Havel gëtt President vun der Tschechoslowakei.
Afrika
- 13. September: De Frederik de Klerk gëtt President vu Südafrika a leed Schrëtter an, fir 'Apartheid ofzeschafen.
Amerika
USA
- 1. Januar: E Fräihandelsofkommes tëschent den USA a Kanada trëtt a Kraaft.
Südamerika
- 3. Februar: Am Paraguay gëtt den Diktator Alfredo Stroessner ofgesat.
Asien
- 14. Abrëll: D'sowjetesch Truppen zéien sech aus dem Afghanistan zeréck.
- 4. Juni: China: Massaker op der "Plaz vum Himmlesche Fridden" zu Peking.
Ozeanien & Pazifik
Arabesch Welt
- 4. Juni: Iran: Doud vum Ayatollah Khomeini. Den Ayatollah Chamene'i gëtt säi Nofolger.
Konscht & Kultur
- 29. März: D'Pyramid vum Louvre gëtt zu Paräis ageweit.
- 13. Juli: D'Opéra de la Bastille gëtt zu Paräis ageweit.
Molerei
Literatur
Musik
Film
- Driving Miss Daisy kritt den Oscar fir de beschte Film.
- Sex, lies and videotapes kritt d'Gëlle Palm zu Cannes.
- Camille Claudel kritt den César fir de beschte Film.
Lëtzebuerg
- A Wopbopaloobop A Lopbamboom vum Andy Bausch.
- Mumm Sweet Mumm vum Paul Scheuer, Georges Fautsch a Maisy Hausemer.
- De falschen Hond vum Menn Bodson, Gast Rollinger a Marc Olinger.
Wëssenschaft & Technik
Gebuer
Gestuerwen
- 7. Januar: Keeser Hirohito vu Japan ( - 1901).
- 23. Januar: Salvador Dalí, spuenesche Moler a Schrëftsteller (Surrealismus) ( - 1904).
- 3. Februar: John Cassavetes, US-amerikanesche Schauspiller a Filmregisseur.
- 6. Februar: André Cayatte, Filmregisseur.
- 12. Februar: Thomas Bernhard, éisträichesche Schrëftsteller ( - 1931).
- 27. Februar: Konrad Lorenz, éisträichesche Verhalensfuerscher an Nobelpräisdréier.
- 27. Februar: Christiane Schlechter-Wirtz, Lëtzebuerger Kabarettistin.
- 29. Mäerz: Bernard Blier, franséische Schauspiller.
- 28. Abrëll: Geza von Cziffra, Filmregisseur.
- 30. Abrëll: Sergio Leone, italiéinesche Filmregisseur.
- 3. Juni: Ayatollah Ruhollah Khomeini ( - ~1900)
- 14. Juni: Ottomar Domnick, Filmregisseur.
- 30. Juli: Evy Friedrich, Lëtzebuerger Cinéast a Filmkritiker.
- 11. Juli: Laurence Olivier, brittesche Schauspiller a Regisseur ( - 1907).
- 16. Juli: Herbert von Karajan, éisträichesche Dirigent ( - 1908).
- 6. Oktober: Jacques Doniol-Valcroze, Filmregisseur.
- 4. September: Georges Simenon, belsche Schrëftsteller ( - 1903).
- 4. Oktober: Graham Chapman, englesche Komiker ( - 1941).
- 6. Oktober: Bette Davis, US-amerikanesch Schauspillerin ( - 1908).
- 6. November: Margarete Buber-Neumann, däitsch Publizistin a Schrëftstellerin.
- 14. Dezember: Andrej Sacharow, russesche Friddensnobelpräisdréier a Physiker ( - 1921).
- 16. Dezember: Lee Van Cleef, amerikanesche Schauspiller.
- 16. Dezember: Silvana Mangano, italiéinesch Schauspillerin.
- 22. Dezember: Samuel Beckett, iresche Schrëftsteller an Nobelpräisdréier ( - 1906).
- 25. Dezember: Nicolae Ceausescu, rumäneschen Diktator.
- Colin Clark, engleschen Economist.
- Tamas Deak, ungaresche Schrëftsteller.
- Sándor Márai, ungaresche Schrëftsteller.
- Sándor Weöres, ungaresche Schrëftsteller.
Category:Joer (20. Jh.)
ja:1989年
simple:1989
DP
----
D'Demokratesch Partei (DP) ass eng Lëtzebuerger Partei.
Geschicht
Parteipresidenten
Lucien Dury 1948-1952
Eugène Schaus 1952-1959
Lucien Dury 1959-1962
Gaston Thorn 1962-1969
René Konen 1969-1971
Gaston Thorn 1971-1980
Colette Flesch 1980-1989
Charles Goerens 1989-1994
Lydie Polfer 1994-2004
Claude Meisch 2004-
Um Spaweck
- [http://www.dp.lu DP - offiziell Homepage]
Category:Partei (Lëtzebuerg)
1984
19. Joerhonnert |
20. Joerhonnert |
21. Joerhonnert
1979 | 1980 | 1981 | 1982 | 1983 | 1984 | 1985 | 1986 | 1987 | 1988 | 1989
----
Dës Säit befaasst sech mam Joer 1984.
Evenementer
Europa
- 10. Januar: De Vatikan an d'USA huelen, no enger Ënnerbriechung vun iwwer 100 Joer, diplomatesch Bezéiungen mateneen op.
Afrika
Amerika
USA
Südamerika
Asien
Ozeanien & Pazifik
Arabesch Welt
- 1. Januar: De Sultanat Brunei gëtt onofhängeg vu Groussbritannien
Konscht & Kultur
Molerei
Literatur
Musek
Wëssenschaft & Technik
Gebuer
Gestuerwen
- 22. Abrëll: Ansel Adams, US-amerikanesche Fotograf ( - 20.2.1902)
- 16. Mee: Andy Kaufman, US-amerikaneschen Entertainer.
- 21. Oktober: François Truffaut, franséische Filmregisseur a Schauspiller.
- 28. Dezember Sam Peckinpah, US-amerikanesche Filmregisseur.
Category:Joer (20. Jh.)
ko:1984년
ja:1984年
Chamber
D'Chamber ass de Lëtzebuerger Numm fier dChambre des Députés, d'lëtzebuergescht Parlament. Si läit um Krautmaart, nierft dem groussherzogleche Palais an der Stad.
Geschicht
Constitutionnell Roll
D'Roll vun der Chamber ass et, als Deel vun der legislativer Prozedur, Gesetzespropositioune kënnen ze maachen, des Propositiounen (an och d'Gesetzesprojetën, déi vun der Regierung abruecht kënne ginn) ze diskutéieren, an se dann unzehuelen oder ofzeleenen.
Funktiounsweis
D'Funktiounsweis vun der Chamber gëtt bestëmmt duerch Dispositiounen, wéi s'an der Constitutioun an am Wahlgesetz festgelucht sinn, an duerch hir eege Geschäftsuerdnung (Règlement intérieur). Déi Period vun engem Joer, bannent deer d'Chamber zesummekënnt, nennt een "Uerdentlech Sëtzung" (Session ordinaire). Se fänkt den zweeten Dënschden am Oktober un. Normalerweis huet all Legislatur 5 Uerdentlech Sëtzungen. All Sëtzung gëtt duerch de Groussherzog (perséinlech, oder a Vertriedung duerch de Premierminister) op- an zou gemaach.
De Chamberspresident
Seng Roll ass et, d'Chamber no baussen hin ze representéieren, an an de Sëtzungen, fir Uerdnung an d'Anhale vum Règlement ze suergen, d'Riedenzäiten ze erdeelen, an d'Resultat vun Ofstëmmunge an d'Decisiounen vun der Chamber ze verkënnegen. Hie kann duerch Vizepresidenten ersat ginn, oder, wa keen vun hinnen disponibel ass, duerch deen eelsten Deputéierten ("Doyen").
De Chambersbureau
Um Ufank vun enger Legislatur ernimmt d'Konferenz vun de Presidenten (kuckt weider ënnen)de Chambersbureau, dee fir d'Organisatioun vun de Sëtzunge verantwortlech ass. E besteet aus engem President, 3 Vizepresidenten an héchstens 7 Memberen. De Bureau ass souzesoen responsabel fir d'Administratioun vun der Chamber. Hien organiséiert d'finanziell an organisatoresch Foen, déi d'Deputéierte betreffen, d'Personnel, dat an der Chamber schafft, asw. Eng Ausnahm ass den Ordre du Jour, dee vun der Konferenz vun de Presidente festgeluecht gëtt.
Konferenz vun de Presidenten
Si sëtzt sech zesummen aus dem Presidnet vun der Chamber an de Presidente vun deene verschiddene politesche Fraktiounen. Hir wichtegst Roll ass et, den Oflaf vun de Sëtzungen ze proposéieren an hiren Avis iwwer déijéinech Projetën vu Règlement grand-ducalën ofzeginn, wou dat vum Gesetz hir virgesinn as.
D'parlamentaresch Kommissiounen
D'parlamentaresch Kommissiounen dingen dozou, d'parlamentaresch Aarbechte méi rationell ausféieren zu kënnen. Si bereeden d'Chamberssëtunge vir, andeems an hinnen d'Gesetzesprojetën a -propositiounen, an och d'Amendementën an d'Motiounen diskutéiert ginn. D'Parteie sinn, esou wäit wi méiglech, proportionnell zu hirer Sëtzzuel, an deene verschiddene Kommissioune representéiert. Et gi permanent Kommissiounen, Enquête-Kommissiounen, reglementärer a spezieller, déi all vun der Chamber selwer bestëmmt kënne ginn.
Permanent Kommissiounen sinn déi zu deene Sujetën, zu deenen et regelméisseg Gesetzesprojetën oder -propositiounen gëtt. Déi reglementär sinn déi, déi duerch d'Reglement virgesi sinn. Spezialkommissiounen kënnen zäitweileg fir verschidden (dacks sozial sensibele) Sujetën gegrënnt ginn, wéi Ethik, Immigratioun, Drogen, asw. Enquête-Kommissiounen dingen dozou, méi Liicht a bestëmmte (Regierungs)affairen ze bréngen.
Zesummesetzung
D'Uerdentlech Sëtzung 2004-2005 sëtzt sech aus dëse 60 Deputéierten (ADR (4), CSV (24), Déi Gréng (7), DP (11), LSAP (14)) zesummen:
ADR
- Gast Gybérien
- Jean-Yves Henckes
- Aly Jaerling
- Robert Mehlen
CSV
- Sylvie Andrich-Duval
- Nancy Arendt
- Lucien Clement
- Christine Doerner
- Marie-Josée Frank
- Marie-Thérèse Gantenbein-Koullen
- Marcel Glesener
- Norbert Haupert
- Françoise Hetto-Gaasch
- Aly Kaes
- François Maroldt
- Paul-Henri Meyers
- Laurent Mosar
- Marcel Oberweis
- Patrick Santer
- Marcel Sauber
- Jean-Paul Schaaf
- Marco Schank
- Marc Spautz
- Martine Stein-Mergen
- Fred Sunnen
- Lucien Thiel
- Claude Wiseler
- Michel Wolter
Déi Gréng
- Claude Adam
- François Bausch
- Felix Braz
- Camille Gira
- Jean Huss
- Henri Kox
- Viviane Loschetter
DP
- Xavier Bettel
- Niki Bettendorf
- Anne Brasseur
- Emile Calmes
- Colette Flesch
- Charles Goerens
- Henri Grethen
- Paul Helminger
- Jean-Pierre Koepp
- Claude Meisch
- Carlo Wagner
LSAP
- Marc Angel
- Alex Bodry
- John Castegnaro
- Claudia Dall'Agnol
- Fernand Diederich
- Lydie Err
- Ben Fayot
- Jean-Pierre Klein
- Lydia Mutsch
- Roger Negri
- Jos Scheuer
- Roland Schreiner
- Romain Schneier
- Vera Spautz
Linken
Kuckt och
- Legislativ Prozedur (Lëtzebuerg)
Um Spaweck
- [http://www.chd.lu Offiziell Internetssäit vun der Chamber]
Category:Lëtzebuerg
1994
19. Joerhonnert |
20. Joerhonnert |
21. Joerhonnert
1989 | 1990 | 1991 | 1992 | 1993 | 1994 | 1995 | 1996 | 1997 | 1998 | 1999
----
Dës Säit befaasst sech mam Joer 1994
Evenementer
Europa
Afrika
Amerika
USA
Südamerika
Asien
Ozeanien & Pazifik
Arabesch Welt
- 26. Oktober: Jordanien an Israel ënnerschreiwe no joerelaanger Feindschaft e Friddensvertraag.
Konscht & Kultur
Molerei
Literatur
Musek
Wëssenschaft & Technik
Gebuer
Gestuerwen
- 31. Mäerz: Léon Degrelle, belsche Politiker a Collaborateur.
- 10. Juli: Rosemarie Kieffer, Lëtzebuerger Schrëftstellerin.
- 19. Juli: Émile Schaus, Lëtzebuerger Politiker, Pedagog a Schrëftsteller.
- 18. August: Gottlob Frick, däitsche Bass-Sänger.
- 30. August: Lindsay Anderson, Filmregisseur.
- 1. September: Jean Bernard, Lëtzebuerger Geeschtlechen an Editeur.
- 20. November: Victor Delcourt, Lëtzebuerger Dichter a Literaturkritiker.
- Tamás Aczél, ungaresche Schrëftsteller.
Category:Joer (20. Jh.)
ja:1994年
simple:1994
2004
20. Joerhonnert | 21. Joerhonnert | 22. Joerhonnert
1999 | 2000 | 2001 | 2002 | 2003 | 2004 | 2005 | 2006 | 2007 | 2008 | 2009
----
Dës Säit befaasst sech mam Joer 2004.
Evenementer
Europa
- 6. Februar: 43 Doudeger bei engem Attentat am Metro vu Moskau.
- 11. Mäerz: Bommenattentater a Garen zu Madrid: bal 200 Doudeger an iwwer 1500 Blesséierter.
- 14. Mäerz : De Wladimir Putin gëtt als russesche President erëmgewielt.
- 15. Mäerz: Dem José Luís Rodríguez Zapatero seng Partei PSOE gewënnt d'Parlamentswalen a Spuenien.
- 29. Mäerz: An Irland gëtt d'Fëmmen an de Pubë verbueden.
- 25. Abrëll: E Referendum op Zypern iwwert eng Vereenegung vun der gespléckter Insel geet negativ aus: de griichesche Süden ass majoritär dergéint.
- 1. Mee: d'Europäesch Unioun vergréissert sech ëm 10 nei Länner.
- 23. Mee : Den Horst Köhler gëtt zum däitsche Bundespresident gewielt.
- 13. Juni: Bei de Wahle fir d'Europäescht Parlament an de 25 EU-Memberstaaten, geet d'Gauche als Gewënner erfir.
- 18. Juni : Zu Roum eenegen d'EU-Staats- a Regierungscheffen sech iwwert den Traité iwwert eng Constitutioun fir Europa.
- 30. Juli : Gasexplosioun zu Ghislenghien an der Belsch: 21 Doudeger, 120 Blesséierter.
- 3. September: Dramatesch Befreiungsaktioun zu Beslan a Südrussland. Dräi Deeg laang haten tschetschenesch Terroristen iwwer 1.300 Leit, déi meescht vun hinne Kanner, als Geiselen an enger Schoul gefaange gehalen. Ronn 340 Affer sinn ze bekloen.
- 21. November: Kontroverséiert Presidentschaftswahlen an der Ukraine.
- 22. November: D'Europäesch Commissioun mam President José Manuel Barroso hëllt hir Aarbecht op.
- 30. November: D'portugisesch Regierung vum Pedro Santana Lopes demissionéiert.
- 16. Dezember: D'EU-Staats- a Regierungscheffen decidéieren, vum 3. Oktober 2005 u Bäitrëttsverhandlunge mat der Tierkei ze féieren.
Lëtzebuerg
- 11. Februar: Fir d'éischte Kéier zu Lëtzebuerg (an och an der EU) ginn och Zaldoten aus anere EU-Memberstaate als nei Arméi-Rekrute vereedegt.
- 13. Mee: D'Pressegesetz vun 1869 gëtt reforméiert.
- 13. Juni: Chamberwahlen zu Lëtzebuerg: CSV 24 Sëtzer (+5), LSAP 14 (+1), DP 10 (-5), déi Gréng 7 (+2), ADR 5 (-2), Déi Lénk/KPL 0 (-1), FPL 0 (-).
- 31. Juli: D'CSV-LSAP-Regierung ënnert dem Jean-Claude Juncker gëtt vereedegt.
- 27. September: De portugisesche Staatspresident Jorge Sampaio ass op Staatsvisite.
- 19. November: D'Verfaassung gëtt geännert.
Afrika
- 24. Februar : 517 Doudeger bei engem Erdbiewen a Marokko.
Amerika
- 28. Juni : Wahle fir d'Nationalparlament a Kanada. D'Liberal Partei gëtt erëmgewielt, mee huet net d'Majoritéit.
- August/September: Véier Mol hannerënee riichten Hurricanen an der Karibik an am Südoste vun den USA grouss Schied un, dausende Mënsche kommen (virun allem op Haiti) ëm d'Liewen.
USA
- 2. Mäerz : Den John Kerry gëtt demokratesche Kandidat fir d'Presidentschaftswahlen.
- 2. November : De George W. Bush gëtt als President vun de Vereenegte Staaten erëmgewielt mat 51 zu 49% vun de Stëmmen géint den John Kerry.
Südamerika
- 1. August : Feier an engem Akafszentrum zu Asunción a Paraguay, iwwer 400 Doudeger.
- 31. Oktober: Den Tabaré Vázquez gëtt zum President vun Uruguay gewielt.
- 31. Dezember: Bei engem Feier an enger Discothéik zu Buenos Aires stierwen 180 Leit.
Asien
- 4. Januar : De Mikhail Saakashvili gewënnt d'Presidentschaftswahlen a Georgien.
- 26. Dezember : Iwwer 285.000 Doudeger bei engem Äerdbiewen am Indeschen Ozean mat enger Stäerkt vu 9.0 op der Richterskala. Déi meescht Affer sin duerch d'Tsunamiën em d'Liewe komm, déi d'Biewe provozéiert hat.
Ozeanien & Pazifik
Arabesch Welt
- 20. Februar: Déi Konservativ gewannen d'Parlamentswalen am Iran.
- 28. Abrëll: Biller aus dem Prisong vun Abu Ghraib gi publizéiert, op deenen irakesch Gefaangener vun US-amerikanesche Giichtercher mësshandelt ginn.
- Uechter d'Joer: Bommenattentater am Irak maachen honnerte vun Affer.
Konscht & Kultur
- 28. Mee: D'Kulturzentrum vun der Neimënster-Abtei gëtt ageweit.
Kino
- Lord of the Rings - The Return of the Emperor vum Peter Jackson kritt den Oscar fir de beschte Film;
- Fahrenheit 9/11 vum Michael Moore gewënnt d'Gëlle Palm zu Cannes;
- Les invasions barbares vum Denys Arcand kritt den César fir de beschte Film.
Lëtzebuerg
- La Revanche vum Andy Bausch.
- Heim ins Reich vum Claude Lahr.
- Der neunte Tag vum Volker Schlöndorff.
Wëssenschaft & Technik
- 23. Januar: D'europäesch Sonde Mars Express bréngt de Bewäis, datt et um Mars Waasser gëtt.
- 6. Mee: Lëtzebuerg gëtt Member vun der Europäescher Weltraumagence (ESA).
- 14. Dezember: De Viaduc de Millau, déi héchste Bréck vun der Welt, gëtt ageweit.
Sport
- De Lance Armstrong gewënnt den Tour de France fir d'sechste Kéier.
- Griicheland gewënnt d'Foussball-Europameeschterschaft.
- Olympesch Spiller zu Athen.
Gebuer
- 21. Juli: Wikipedia op lëtzebuergesch.
Gestuerwen
- 6. Januar: Nicolas Mosar, Lëtzebuerger Politiker
- 7. Januar: Ingrid Thulin, schwedesch Schauspillerin
- 23. Januar: Helmut Newton, däitsche Fotograf
- 29. Januar: O.W. Fischer, éisträichesche Schauspiller
- 4. Mäerz: Claude Nougaro, franséische Sänger
- 20. Mäerz: Juliane van Oranje-Nassau, hollännesch Kinnigin vun 1948-1980
- 28. Mäerz: Robert Merle, franséischen Auteur
- 28. Mäerz: Peter Ustinov, britesche Schauspiller, Auteur a Regisseur
- 30. Abrëll: Boris Pergamenschikov, russeschen Cellist ( - 1948)
- 2. Juni: Nicolaï Ghiaurov, bulgaresche Bass-Sänger ( - 1929)
- 4. Juni: Nino Manfredi, italienesche Schauspiller
- 5. Juni: Ronald Reagan, US-amerikanesche President a Schauspiller
- 5. Juni: Iona Brown, englesch Violonistin an Dirigentin ( - 1941)
- 6. Juni: Charles Marie Ternes, docteur en philosophie et lettres, Professer am Lycée Robert-Schuman
- 7. Juni: Roger Matton, kanadesche Komponist ( - 1929)
- 10. Juni, Ray Charles, US-amerikaneschen Jazz-Museker
- 24. Juni: Marc Zanussi, Lëtzebuerger Politiker
- 1. Juli: Marlon Brando, Filmschauspiller a Regisseur
- 1. Juli: Paul Beghin, Lëtzbuerger Politiker a Jurist
- 8. Juli: Jean Lefebvre, franséische Schauspiller
- 13. Juli: Carlos Kleiber, éisteräicheschen Dirigent ( - 1930)
- 18. Juli: Inge Meysel, däitsch Schauspillerin
- 22. Juli: Serge Reggiani, italienesch-franséische Schauspiller a Sänger
- 3. August: Henri Cartier-Bresson, franséische Fotograf
- 8. August: Fay Wray, US-amerikanesch Schauspillerin
- 17. August: Gérard Souzay, franséische Bariton-Sänger ( - 1918 als Gérard Marcel Tisserand)
- 18. August: Elmer Bernstein, US-amerikanesche Komponist an Dirigent ( - 1922)
- 29. August: Hans Vonk, hollänneschen Dirigent ( - 1941)
- 3. September: André Dumortier, belsche Pianist, ( - 1910)
- 22. September: Nico Weber, Lëtzebuerger Sproochwëssenschaftler.
- 29. September: Heinz Wallberg, däitschen Trompettist, Violonist an Dirigent ( - 1923)
- 1. Oktober: Richard Avedon, US-amerikanesche Fotograf
- 3. Oktober: Janet Leigh, US-amerikanesch Schauspillerin
- 4. Oktober: Gordon Cooper, US-amerikaneschen Astronaut
- 10. Oktober: Christopher Reeve, US-amerikanesche Schauspiller
- 21. Oktober: Jean Dondelinger, Lëtzebuerger Diplomat a Politiker
- 1. November: Aly Bintz, Lëtzebuerger Schauspiller a Sänger
- 11. November: Jassir Arafat, palästinensesche Politiker
- 1. Dezember: Fathi Arafat, palästinensesche Politiker
- 15. Dezember: Sidonie Goossens, brittesch Harfspillerin
- 28. Dezember: Susan Sontag, US-amerikanesch Schrëftstellerin ( - 1933)
Category:Joer (21. Jh.)
ko:2004년
ja:2004年
simple:2004
1999
19. Joerhonnert | 20. Joerhonnert | 21. Joerhonnert
1994 | 1995 | 1996 | 1997 | 1998 | 1999 | 2000 | 2001 | 2002 | 2003 | 2004
----
Dës Säit befaasst sech mam Joer 1999.
Evenementer
Europa
- 5. Mee: De fréieren italienesche Ministerpräsident Romano Prodi gëtt neie Präsident vun der EU-Kommissioun.
- 12. Juni: Déi éischt KFOR-Zaldote récken an de Kosovo an.
Afrika
Amerika
USA
Südamerika
Asien
Ozeanien & Pazifik
Arabesch Welt
Konscht & Kultur
Molerei
Literatur
Musek
Wëssenschaft & Technik
Gebuer
Gestuerwen
- 6. Januar: Michel Petrucciani, franséischen Jazz-Pianist.
- 30. Mäerz: Albert Coppé, belschen Economist a Politiker.
- 8. Mee: Dirk Bogarde, britesche Schauspiller.
- 25. Mee: Horst Frank, däitsche Schauspiller.
- 19. Dezember: Desmond Llewelyn, walisesche Schauspiller.
- 20. Dezember: Riccardo Freda, italienesche Filmregisseur, -produzent a -schauspiller.
Category:Joer (20. Jh.)
ja:1999年
CSV
D'Chrëschtlech Sozial Vollekspartei (CSV) ass eng Lëtzebuerger Partei.
----
Geschicht
Parteipresidenten
Émile Reuter 1945-1964
Tony Biever 1964-1965
Jean Dupong 1965-1972
Nicolas Mosar 1972-1974
Jacques Santer 1974-1982
Jean Spautz 1982-1990
Jean-Claude Juncker 1990-1995
Erna Hennicot-Schoepges 1995-2004
François Biltgen 2004-
Um Spaweck
- [http://www.csv.lu CSV - offiziell Homepage]
Category:Partei (Lëtzebuerg)
2004
20. Joerhonnert | 21. Joerhonnert | 22. Joerhonnert
1999 | 2000 | 2001 | 2002 | 2003 | 2004 | 2005 | 2006 | 2007 | 2008 | 2009
----
Dës Säit befaasst sech mam Joer 2004.
Evenementer
Europa
- 6. Februar: 43 Doudeger bei engem Attentat am Metro vu Moskau.
- 11. Mäerz: Bommenattentater a Garen zu Madrid: bal 200 Doudeger an iwwer 1500 Blesséierter.
- 14. Mäerz : De Wladimir Putin gëtt als russesche President erëmgewielt.
- 15. Mäerz: Dem José Luís Rodríguez Zapatero seng Partei PSOE gewënnt d'Parlamentswalen a Spuenien.
- 29. Mäerz: An Irland gëtt d'Fëmmen an de Pubë verbueden.
- 25. Abrëll: E Referendum op Zypern iwwert eng Vereenegung vun der gespléckter Insel geet negativ aus: de griichesche Süden ass majoritär dergéint.
- 1. Mee: d'Europäesch Unioun vergréissert sech ëm 10 nei Länner.
- 23. Mee : Den Horst Köhler gëtt zum däitsche Bundespresident gewielt.
- 13. Juni: Bei de Wahle fir d'Europäescht Parlament an de 25 EU-Memberstaaten, geet d'Gauche als Gewënner erfir.
- 18. Juni : Zu Roum eenegen d'EU-Staats- a Regierungscheffen sech iwwert den Traité iwwert eng Constitutioun fir Europa.
- 30. Juli : Gasexplosioun zu Ghislenghien an der Belsch: 21 Doudeger, 120 Blesséierter.
- 3. September: Dramatesch Befreiungsaktioun zu Beslan a Südrussland. Dräi Deeg laang haten tschetschenesch Terroristen iwwer 1.300 Leit, déi meescht vun hinne Kanner, als Geiselen an enger Schoul gefaange gehalen. Ronn 340 Affer sinn ze bekloen.
- 21. November: Kontroverséiert Presidentschaftswahlen an der Ukraine.
- 22. November: D'Europäesch Commissioun mam President José Manuel Barroso hëllt hir Aarbecht op.
- 30. November: D'portugisesch Regierung vum Pedro Santana Lopes demissionéiert.
- 16. Dezember: D'EU-Staats- a Regierungscheffen decidéieren, vum 3. Oktober 2005 u Bäitrëttsverhandlunge mat der Tierkei ze féieren.
Lëtzebuerg
- 11. Februar: Fir d'éischte Kéier zu Lëtzebuerg (an och an der EU) ginn och Zaldoten aus anere EU-Memberstaate als nei Arméi-Rekrute vereedegt.
- 13. Mee: D'Pressegesetz vun 1869 gëtt reforméiert.
- 13. Juni: Chamberwahlen zu Lëtzebuerg: CSV 24 Sëtzer (+5), LSAP 14 (+1), DP 10 (-5), déi Gréng 7 (+2), ADR 5 (-2), Déi Lénk/KPL 0 (-1), FPL 0 (-).
- 31. Juli: D'CSV-LSAP-Regierung ënnert dem Jean-Claude Juncker gëtt vereedegt.
- 27. September: De portugisesche Staatspresident Jorge Sampaio ass op Staatsvisite.
- 19. November: D'Verfaassung gëtt geännert.
Afrika
- 24. Februar : 517 Doudeger bei engem Erdbiewen a Marokko.
Amerika
- 28. Juni : Wahle fir d'Nationalparlament a Kanada. D'Liberal Partei gëtt erëmgewielt, mee huet net d'Majoritéit.
- August/September: Véier Mol hannerënee riichten Hurricanen an der Karibik an am Südoste vun den USA grouss Schied un, dausende Mënsche kommen (virun allem op Haiti) ëm d'Liewen.
USA
- 2. Mäerz : Den John Kerry gëtt demokratesche Kandidat fir d'Presidentschaftswahlen.
- 2. November : De George W. Bush gëtt als President vun de Vereenegte Staaten erëmgewielt mat 51 zu 49% vun de Stëmmen géint den John Kerry.
Südamerika
- 1. August : Feier an engem Akafszentrum zu Asunción a Paraguay, iwwer 400 Doudeger.
- 31. Oktober: Den Tabaré Vázquez gëtt zum President vun Uruguay gewielt.
- 31. Dezember: Bei engem Feier an enger Discothéik zu Buenos Aires stierwen 180 Leit.
Asien
- 4. Januar : De Mikhail Saakashvili gewënnt d'Presidentschaftswahlen a Georgien.
- 26. Dezember : Iwwer 285.000 Doudeger bei engem Äerdbiewen am Indeschen Ozean mat enger Stäerkt vu 9.0 op der Richterskala. Déi meescht Affer sin duerch d'Tsunamiën em d'Liewe komm, déi d'Biewe provozéiert hat.
Ozeanien & Pazifik
Arabesch Welt
- 20. Februar: Déi Konservativ gewannen d'Parlamentswalen am Iran.
- 28. Abrëll: Biller aus dem Prisong vun Abu Ghraib gi publizéiert, op deenen irakesch Gefaangener vun US-amerikanesche Giichtercher mësshandelt ginn.
- Uechter d'Joer: Bommenattentater am Irak maachen honnerte vun Affer.
Konscht & Kultur
- 28. Mee: D'Kulturzentrum vun der Neimënster-Abtei gëtt ageweit.
Kino
- Lord of the Rings - The Return of the Emperor vum Peter Jackson kritt den Oscar fir de beschte Film;
- Fahrenheit 9/11 vum Michael Moore gewënnt d'Gëlle Palm zu Cannes;
- Les invasions barbares vum Denys Arcand kritt den César fir de beschte Film.
Lëtzebuerg
- La Revanche vum Andy Bausch.
- Heim ins Reich vum Claude Lahr.
- Der neunte Tag vum Volker Schlöndorff.
Wëssenschaft & Technik
- 23. Januar: D'europäesch Sonde Mars Express bréngt de Bewäis, datt et um Mars Waasser gëtt.
- 6. Mee: Lëtzebuerg gëtt Member vun der Europäescher Weltraumagence (ESA).
- 14. Dezember: De Viaduc de Millau, déi héchste Bréck vun der Welt, gëtt ageweit.
Sport
- De Lance Armstrong gewënnt den Tour de France fir d'sechste Kéier.
- Griicheland gewënnt d'Foussball-Europameeschterschaft.
- Olympesch Spiller zu Athen.
Gebuer
- 21. Juli: Wikipedia op lëtzebuergesch.
Gestuerwen
- 6. Januar: Nicolas Mosar, Lëtzebuerger Politiker
- 7. Januar: Ingrid Thulin, schwedesch Schauspillerin
- 23. Januar: Helmut Newton, däitsche Fotograf
- 29. Januar: O.W. Fischer, éisträichesche Schauspiller
- 4. Mäerz: Claude Nougaro, franséische Sänger
- 20. Mäerz: Juliane van Oranje-Nassau, hollännesch Kinnigin vun 1948-1980
- 28. Mäerz: Robert Merle, franséischen Auteur
- 28. Mäerz: Peter Ustinov, britesche Schauspiller, Auteur a Regisseur
- 30. Abrëll: Boris Pergamenschikov, russeschen Cellist ( - 1948)
- 2. Juni: Nicolaï Ghiaurov, bulgaresche Bass-Sänger ( - 1929)
- 4. Juni: Nino Manfredi, italienesche Schauspiller
- 5. Juni: Ronald Reagan, US-amerikanesche President a Schauspiller
- 5. Juni: Iona Brown, englesch Violonistin an Dirigentin ( - 1941)
- 6. Juni: Charles Marie Ternes, docteur en philosophie et lettres, Professer am Lycée Robert-Schuman
- 7. Juni: Roger Matton, kanadesche Komponist ( - 1929)
- 10. Juni, Ray Charles, US-amerikaneschen Jazz-Museker
- 24. Juni: Marc Zanussi, Lëtzebuerger Politiker
- 1. Juli: Marlon Brando, Filmschauspiller a Regisseur
- 1. Juli: Paul Beghin, Lëtzbuerger Politiker a Jurist
- 8. Juli: Jean Lefebvre, franséische Schauspiller
- 13. Juli: Carlos Kleiber, éisteräicheschen Dirigent ( - 1930)
- 18. Juli: Inge Meysel, däitsch Schauspillerin
- 22. Juli: Serge Reggiani, italienesch-franséische Schauspiller a Sänger
- 3. August: Henri Cartier-Bresson, franséische Fotograf
- 8. August: Fay Wray, US-amerikanesch Schauspillerin
- 17. August: Gérard Souzay, franséische Bariton-Sänger ( - 1918 als Gérard Marcel Tisserand)
- 18. August: | | |